Wunderschönes Luxemburg
Bilder aus dem Großherzogtum Luxemburg, frz. Grand-Duché de Luxembourg, lux. Groussherzogtum Lëtzebuerg.Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëscht Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² an hat den 1. Januar 2020 dem Statec no 626.108 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.
D'Lëtzebuerger Verfassung seet (no enger Ännerung vun 1948), datt e Gesetz de Sproochegebrauch reegelt. Dës Gesetz vum 24. Februar 1984 leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, sou wäit wéi méiglech, an der selwechter Sprooch sinn.
D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perceptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Joerzéngten iwwer déi traditionell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.
Lëtzebuerg gehéiert geologesch gesinn zu zwéi verschiddenen Ensembelen:
- d'Guttland ass en Deel vum Baseng vu Paräis (engem grousse Sedimentbaseng). Sou kënnt et datt et am Guttland just sedimentäert Gestengs gëtt.
- d'Éislek gehéiert zum Sockel vum Baseng vu Paräis a besteet aus metamorphem Gestengs.
Und jetzt Eure Bilder s.v.p.